Covid-Kontrolle vun der PoliceBannent zwou Woche goufe ronn 360 Persoune protokolléiert

RTL Lëtzebuerg
Bannent de leschten 2 Wochen huet d'Police ronn 600 Kontrolle gemaach, fir ze kucken, ob d'Leit sech un d'Coronamesuren halen.
© Police Lëtzebuerg

Ronn 360 Persoune goufe bannent deenen zwou Woche protokolléiert, well se géint d'Coronareegele verstouss haten. Ronn 270 dovunner hate sech net un d'Ausgangsspär gehalen.

Weider goufen et 27 Fäll, an deenen d'Leit sech net un déi sanitär Mesurë gehalen hunn, dorënner ënnert anerem gréisser Rassemblementer vu Leit am privaten an ëffentleche Beräich an och Restauranten a Caféen, déi sech net un d'Reegele gehalen hunn.

Back to Top
CIM LOGO