Wéinst versichtem Mord viru GeriichtBeschëllegte bestreit d'Virwërf, d'Affer gepickt ze hunn

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Dënschdeg de Moie muss sech e Mann vu 27 Joer um Stater Geriicht veräntweren.
© RTL Archiv

Et gëtt him virgehäit, am Juli 2018 an der Géigend vun engem Café, no bei der Escher Gare, en anere Mann vu 27 Joer mat engem Messer an de Réck gestach ze hunn.

Prozess ëm Messerpickerei - Rep. Eric Ewald

De Beschëllegte bestreit d'Virwërf awer, obwuel en Zeien hien als den Auteur vun der Messerattack erkannt hat.

Hien hätt den Dag vun de Faite wuel eng Kläpperei mam Affer gehat, dat awer net gepickt, huet den Ugekloten um Ufank vun der Sëtzung widderholl. E Kommissär sot, der Escher Police wär am Nomëtten eng Kläpperei an deem Eck gemellt ginn, wéi een op d'Plaz koum, hätte sech 3 Leit wëllen aus dem Stëbs maachen, dorënner de Beschëllegten.

Eng Zäitchen drop hätt d'Police, bei enger Patrull, e Mann am Rondpoint bei der Gare sëtze gesinn, mat engem Messer am Réck, d'Affer hätt net uginn, wien dofir responsabel war, ma virum Transport an d'Spidol op en anere Mann gewisen, wat sech awer als falsch erausgestallt hätt.

De Polizist huet erkläert, dass d'Affer him eng Woch drop de Spëtznumm vum Ugeklote genannt hätt, dee wär den Auteur vun der Attack gewiescht. Zoufälleg ass de Kommissär kuerz drop um Policebüro grad deem Mann begéint, deen awer du schonn d'Faite bestridden hätt.

Fir e Beamte vun der Police judiciaire dann hätt d'Affer him zwee Deeg no der Dot den Numm vum Ugeklote genannt, 4 Deeg drop awer zwee anerer. An der Tëschenzäit hätt allerdéngs en Zeien ausgesot gehat, de Beschëllegte bei der Dot gesinn ze hunn.

Fir e Geriichtsmedeziner waren d'Blessure vum Affer net akut liewensgeféierlech; de Mann hätt awer Chance gehat, dass näischt Wesentleches am Kierper getraff gouf. Den Dokter huet och vun enger gewësser Kraaft vum Stach geschwat. Engem Neuro-Psychiater hat den Ugekloten iwwerdeems erzielt, et wär um Dag vun de Faiten zu enger Diskussioun tëscht hinnen zwee komm. D'Affer hätt op eemol e Messer erausgeholl, hie blesséiert a wär fort, hien hätt d'Affer dono net gepickt. Dem Expert no léich keng psychiatresch Krankheet vum Beschëllegte vir.

Dëse Prozess geet e Mëttwoch de Mëtte virun.

Back to Top
CIM LOGO