Digitalisatioun zu LëtzebuergBis 2023 solle 75% vun den Awunner Glasfaser-Internet hunn

Tim Morizet
Den Ament hu 70% vun der Leit zu Lëtzebuerg Glasfaser-Internet, an Däitschland sinn et just 2%.
Bis 2023 solle 75% vun den Awunner Glasfaser-Internet hunn
Den Ament hu 70% vun der Leit zu Lëtzebuerg Glasfaser-Internet, an Däitschland sinn et just 2%.

20.000 Kilometer Glasfaser leie schonn uechter d'Land. Knapp 70% vun de Stéit sinn domat erreecht. Domat läit Lëtzebuerg mat ganz uewen am weltwäite Verglach. E Reseau, deen an den nächste Joren op d'mannst 80% vun der Populatioun areeche soll. Et bleift also nach e bëssen Aarbecht.

Glasfaser / Rep. Danielle Filbig

Et schwätzt ee vun engem "Reseau de futur". An den 90er Joren huet een ugefaangen, vum Koffer eriwwer an den Glasfaserreseau ëmzeklammen. D'Innovatioun an de Glasfaser wier wichteg. Lëtzebuerg géif sech, ewéi de Rescht vun der EU, ëmmer méi digitaliséieren. E sprangende Punkt, fir och innovativ Betriber an de Grand-Duché unzezéien.

Franz Fayot, Wirtschaftsminister: „Séieren Internet ass een Atout fir Lëtzebuerg, well mer ënnerwee sinn an eng Datenekonomie, mir gesinn och elo no der Covid-Kris, dass iwwerall an Digitalisatioun investéiert gëtt, sierf dat an Europa, mä och zu Lëtzebuerg. Wéi gesot, et ass eng strategesch Axe fir eng Industrie 4.0, fir eng ëmmer méi innovativ digitaliséiert Industrie awer och an allen anere Sparten, sierf et am Mëttelstand, sierf et am Bau, sinn Daten zentral wichteg an et ass natierlech och extrem wichteg, fir och ee ganz performanten Internet ze hunn."

Duerch geschoss mat 120 Meter d'Minutt, a schonn ass en do: De séieren Internet. Grad esou séier geet et awer net. Wisou deen ee scho profitéiere kann, an deen aneren nach net, huet natierlech seng Grënn.

© POST

Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post: „Wat Clé ass an deem Ganzen, ass 'Déploiement'. Ass jo enger Säit, wéi schnell ass Glas disponibel? An dat Zweet ass dann och, wéi reaktiv sinn d'Clienten? Wéi vill Clienten huele Glas? An do hu mer och opgrond vun der Kris och wierklech gemierkt, datt d'Demande staark geklommen ass. Mir sinn eigentlech encouragéiert gi vun där Demande ,komm mer leeën nach eng Kéier en Zant zou. Komm mir kucken, datt mer méi schnell nach mei Clienten un d'Glas kënnen zur Verfügung stellen an do hu mer jo déi Motivatioun, fir nach eng Kéier kënnen zousätzlech iwwert déi nächst 4-5 Joer ze investéieren. Et ass einfach esou, datt d'Kadenz an den Ausbau ass d'Funktioun vum Investissement, wat ee mécht."

50 Millioune komme bei déi lescht Tranche vu 250 Milliounen Euro dobäi. D'Investissementer hätte sech déi Méint wärend der Well vum Home Office bewisen, heescht et bei der Post. Essentiell och, fir d'Ekonomie zu Lëtzebuerg weider ze fuerderen.

Mat méi wéi 250 Milliounen Investissement an den Kommunikatiounsreseau an de leschte 5 Joer, ass d'Post ee vu den Haaptacteure bei der Ënnerstëtzung vun Digitalisatioun zu Lëtzebuerg. Zanter 2014 huet sech d'Vitess vum Internet zu Lëtzebuerg quasi verduebelt.

Back to Top
CIM LOGO