Et handelt sech hei ëm en digitale Kadaster, dee souwuel d'Energie Effizienz, wéi och d'Potential vu Solaranlagen op Diecher a Fassadë visualiséiere soll. En éischte Prototyp um Beispill vun der Stad Esch gouf haut virgestallt.
Zil ass et op Dauer e sougenannten digitalen Zwilling vu ganz Lëtzebuerg ze schafen, deen d'energetesch Transitioun weiderbrénge soll.