Ëmweltpräis 2023Blécker op den neie Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit geriicht

Jeannot Ries
"Mir wäerten et all zesumme maachen, mat Iech. Dës Regierung ass prett, fir et ze maachen. Dir kënnt op ons zielen", sou de Serge Wilmes a senger Ried.
Ëmweltpräis: Bléck op neie Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit geriicht
“Mir wäerten et all zesumme maachen, mat Iech. Dës Regierung ass prett, fir et ze maachen. Dir kënnt op ons zielen”, sou de Serge Wilmes a senger Ried.

Vill Blécker waren op den neie Minister fir Environnement, Klima a Biodiversitéit geriicht. Dem Serge Wilmes säi Message am Kader vun der Iwwerreechung vum Ëmweltpräis vun der Fedil war kloer. Déi Regierung hei ass bereet, op Iech ze lauschteren. Zesumme mat Iech ze schaffen. Ganz frësch am Amt konnt den CSV-Politiker en Dënschdeg keng Revolutioun fir Lëtzebuerg ukënnegen.

D’Stëmm vun der Lëtzebuerger Industrie, d’Presidentin vun der FEDIL, d’Michèle Detaille, huet hirersäits kee Blat virun de Mond geholl. Zum Beispill wat de Bilan vun de leschte Joren un nationaler Industrie-Politik ubelaangt.

Aujourd’hui en Europe, l’empreinte carbone diminue. Ce serait une bonne nouvelle si cette évolution n’avait pas pour cause principale la désindustrialisation de notre continent. Si l’on regarde de plus près les 5 dernières années au Luxembourg, nous constatons l’absence de nouvelles implantations industrielles significatives.

D’Revendicatiounen un déi nei Regierung si kloer formuléiert. Fir nees attraktiv ze ginn, muss d’Land nees fit gemaach ginn, fir nei Fabricken opzehuelen. Déi aktuell musse moderniséiert gi mat der Ënnerstëtzung vun ëffentlechen a privaten Investitiounen. Wat ënner anerem d’Dekarboniséierung ubelaangt. Nei Terraine mussen disponibel sinn. D’Prozedure musse méi einfach a méi séier ginn.

Kompetitiv bleiwen. En Challenge an Zäite vun energeetescher Transitioun.

Kloer gouf, datt den Hydrogène um Enn just eng marginal Roll spille wäert. D’Elektresch wäert 60 bis 70 % ausmaachen. An do hält d’Michèle Detaille fest, datt déi Präisser hei am Land net kompetitiv sinn. D’Presidentin rechent. Se stéisst eng Pandora-Këscht op.

De mi-2022 à mi-2023 on lit que le prix de fourniture intégré de l’électricité pour les gros consommateurs industriels en Allemagne est de deux fois supérieures à celui pratiqué en France. Bien que les prix finaux de l’électricité en Allemagne ne soient pas directement comparables à ceux du Luxembourg, cette différence met en évidence le manque de compétitivité des prix allemand par rapport à ceux de la France. En autre. L’empreinte carbone de l’électricité allemande, notamment lors d’une journée type de novembre, peut être jusqu’à dix fois supérieure à celle de l’électricité française.

Haut importéiert Lëtzebuerg säin Elektresch aus Däitschland. Franséischen Atomstroum ass nach tabu.

Back to Top
CIM LOGO