Plaidoirie-ConcoursBrauche mer e Klima-Noutstand?

Fanny Kinsch
An de Gebailechkeete vum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg konnten e Freideg zwee jonk Droit-Studente weisen, wat se schonn drop hunn.
Plaidoirie-Concours: Brauche mer e Klima-Noutstand?
An de Gebailechkeete vum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg konnten e Freideg zwee jonk Droit-Studente weisen, wat se schonn drop hunn.

Et war d’Finall vum Plaidoirie-Concours, dee vun der Associatioun vun den Droit-Studenten ANELD organiséiert gouf.

D’Äerd gëtt méi waarm, d’Mieresspigele klammen, Liewensraim verschwannen... mee brauche mer en État d’urgence wéinst der Klimakris oder net? Doriwwer hunn d’Finaliste vum Concours debattéiert. D’Deborah Fürst ass am drëtte Joer Droit am Bachelor op der Uni Lëtzebuerg, si huet fir de Pro plädéiert. Géint d’Ausruffe vum Klima-Noutstand huet de William-Alexandre Toublanc argumentéiert, hien ass am 2. Joer vun engem Master “Etudes parlementaires” op der Uni Lëtzebuerg.

D’Jury, zesummegesat aus dem fréiere President vum Ieweschte Geriichtshaff a vum Verfassungsgeriicht Jean-Claude Wiwinius, der Elisabeth Ewert, Avocat général um Parquet, an der Affekotin a Vize-pesidentin vum Jeune Barreau Géraldine Mersch, war um Enn vum William-Alexandre Toublanc am meeschten iwwerzeegt.

Fir béid Droit-Studente war et op alle Fall eng interessant Erfarung, fir sech an hiren zukünftege Beruff eranzeversetzen.

Back to Top
CIM LOGO