Kee Verständnis vum BeruffBréifdréieschgewerkschaft kritiséiert OGBL an LCGB

RTL Lëtzebuerg
Et goung och ëm déi nei Post-Strategie, d'Aarbechtsbelaaschtung, an ëm e warscheinleche Recours vun 323 Bréifdréier virum Verwaltungsgeriicht.
© RTL-Archiv

“Eis Gewerkschaft ass déi eenzeg, déi sech all Dag mat Succès fir d’Bréifdréier asetzt.” Dat huet de Generalsekretär vun der Bréifdréieschgewerkschaft e Mëttwoch den Owend um Kongress zu Walfer ënnerstrach an zesumme mam President kee gutt Hoer um LCGB an um OGBL gelooss.

Bréifdréieschgewerkschaft / Rep. Dany Rasqué

Ma och aner Theeme goufen ugeschwat. Viru bal dräi Méint huet en Affekot am Numm vun deenen 323 Fraen a Männer eng “Demande gracieuse de reclassement” gemaach. Op déi Manéier solle Lounverbesserungen duerchgesat ginn. De Minister vum ëffentlechen Déngscht huet nach e puer Deeg Zäit, fir op dës Demande ze reagéieren. Mécht en dat net, gëllt d’Äntwert als negativ an dann ass de Wee fräi fir op d’Verwaltungsgeriicht.

De President vun der Bréifdréieschgewerkschaft, de Raymond Juchem:

“Mir hoffen op alle Fall, fir mat dësem méigleche Recours vun den 323 Bréifdréier dat z’areechen, wat mir als Gewerkschaft zënter 30 Joer mat villen Demarchë probéiert hunn. Zënter Enn 2022 gouf wierklech alles versicht, fir dës Karriärsopwäertung duerchzesetzen an en Deelerfolleg mam 12-Punkten-Ofkommes ass jo och do.”

Dat Ofkommes hat de fréiere Minister Marc Hansen nach virun de Walen op den Instanzewee bruecht. Et ass zwar nach net gestëmmt, gëllt awer retroaktiv op den 1. Mäerz.

D’Bréifdréieschgewerkschaft war frou iwwert dëse Succès an de Generalsekretär Carlo Rovatto ënnersträicht, datt si sech och wierklech all Dag fir hir 800 Memberen an deenen hir Kolleegen asetzt.

“Net wéi aner Gewerkschaften, déi just zwou Woche virun de Wale mat Mëtschen a Kaffi bei Iech kommen an Iech Geschichten erzielen. A wann ech Geschichte soen, sinn ech nach ganz fein, well vum Bréifdréier sengem Beruff hu si absolut keng Anung a vum Postcourrier am grousse Ganzen och net.”

Gemengt sinn domadder den OGBL an den LCGB.

Vill Mataarbechter géife sech da reegelméisseg iwwerfuerdert fillen. An de leschte Méint hätt d’Wierder d’Aarbecht vum Bréifdréier net méi einfach gemaach. D’lescht Joer wier een zousätzlech a Walreklammen ënnergaangen, de villen Trafic wier ëmmer méi eng grouss Belaaschtung, an alles dat géif zu enormem Stress an och méi Krankmeldunge féieren, seet de Raymond Juchem.

“D’Direktioun acceptéiert dës Situatioun vun de Krankeschäiner awer net a versicht heiansdo Drock ze maachen, wa Leit an hiren Aen ze dacks krank gemellt sinn, well dat fir si onverständlech ass, mä dës Situatioun ass dann awer fir eis als Gewerkschaft onverständlech.”

En vue vun der neier Strategie bei der Post fuerdert d’Bréifdréieschgewerkschaft, datt Verbesserunge vun den Aarbechtskonditiounen déi ganz grouss Prioritéit musse sinn.

Back to Top
CIM LOGO