N32Camion ass a Rond-point ëmgekippt, 1 Persoun gouf liicht blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg ass an engem Rond-point op der N32 ee Camion, dee mat Bamstämm beluede war, ëmgekippt.
© Domingos Oliveira

Et koum zu Perturbatiounen am Trafic, well de Service dépannage Schwieregkeeten hat, de Camion nees op d’Plaz ze setzen. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.

Den 112 mellt nach eng ganz Partie weider Accidenter. Kuerz viru Mëtteg en Dënschdeg ass e Won tëscht Déierbech an Eschweiler accidentéiert. Eng Persoun gouf blesséiert.

Kuerz viru 16 Auer sinn zwee Ween tëschent Alschent a Wëlwerwolz kollidéiert. De CGDIS notéiert zwee Blesséierter.

Um 16.20 Auer sinn zu Recken op der Mess zwee Gefierer anenee geknuppt. Bei deem Accident sinn 3 Blesséierter ze bekloen.

Back to Top
CIM LOGO