
D'Chamber huet en Donneschdeg de Finanzéierungsgesetzprojet fir de Bau vun der neier internationaler Schoul zu Munneref ugeholl.
Mat deem Projet wëll d'Regierung op de staarke Bevëlkerungswuesstem am Südoste vum Land reagéieren an d'schoulesch Offer an der Regioun nohalteg ausbauen.
Um Site "Um Gréimelter" soll e komplette Schoul-Campus entstoen. Virgesi sinn eng Primärschoul, e Lycée mat europäeschem a lëtzebuergeschem Programm souwéi eng Beruffsausbildung. Am Ganze wäert d'Anlag Plaz fir 1.690 Schüler an 78 Klassen hunn.
Déi international Schoul zu Munneref gëtt et zwar schonn zanter 2018, mee bis elo sinn d'Coursen op engem provisoresche Site organiséiert ginn.
Um neie Campus wäert et och en Internat mat 43 Zëmmer ginn. Dat ass virun allem fir d'Schüler vun der Schoul geduecht. Verschidde Plaze kéinten awer och Sportler fräigestallt ginn, déi Stagen an den no geleeëne Sportsinfrastrukture maachen.
Der Ministesch fir Mobilitéit an Travaux publics Yuriko Backes no, geet et drëm, schonn haut an Infrastrukturen ze investéieren, déi de Besoine vun de kommende Generatioune gerecht ginn.
Besonnesche Wäert gëtt op d'Nohaltegkeet geluecht. D'Gebaier solle mat der Energieklass A-A-A gebaut ginn a mat Fotovoltaikanlagen equipéiert ginn. Donieft si Mesurë fir e verantwortungsvollen Ëmgang mam Waasser, d'Fërderung vun der Biodiversitéit an attraktiv Bausseberäicher virgesinn.