
De Fransous, fréiere Chef vum Laboratoire vun der Eecher Klinik, war am Joer 2003 (spéider nach eng Kéier an Appell) zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt ginn, dat wéinst der Vergëftung vu senger Fra. Am Juli 1999 war d’Fra vum Charles Missenard an der Eecher Klinik hospitaliséiert ginn a si ass kuerz drop iwwerraschend gestuerwen. D’Autopsie hat erginn, datt Blosaier d’Ursaach fir hiren Doud war.

Lo ass de Charles Missenard am Alter vun 80 Joer gestuerwen. Am Républicain Lorrain war dës Woch d’Doudesannonce vum pensionéierte Biologist. Hien huet ëmmer behaapt, hie wier ongerecht verurteelt ginn an onschëlleg. Hien ass de 14. Februar 2025 a Frankräich gestuerwen.