HeeschdrefChauffer mat 115 amplaz vu 50 km/h ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt gouf e Samschdeg an e Sonndeg jeeweils ee Permis agezunn, well d'Chaufferen ze vill gedronk haten.
© Police Luxembourg

Am Kader vun enger Vitesskontroll géint 1.20 Auer an der Rue de Luxembourg zu Heeschdref, gouf e Chauffer mat 115 km/h amplaz vu 50 km/h gepëtzt. Den Alkoholtest bei der Kontroll vum Automobilist war positiv ausgefall. Hien huet de Permis missen ofginn a gouf protokolléiert.

Géint 16.20 Auer e Samschdeg gouf der Police en Accident an der Route de Luxembourg zu Dippech gemellt. Hei hat eng Automobilistin, déi a Richtung Bartreng ënnerwee war, d’Kontroll iwwert hiert Gefier verluer. Doropshin ass si géint en Trakter gerannt an e puer Meter weider mat engem Auto kollidéiert, deen entgéint koum. D’Fra gouf dobäi liicht blesséiert an huet de Permis misse wéinst ze héijem Alkoholafloss ofginn.

Back to Top
CIM LOGO