
Am Verglach zum nämmlechte Mount am Joer 2023 ass dat eng Hausse vu 7,1 Prozent (+1.168 Persounen), ma allgemeng bleift de Chômagetaux, op saisonal Ofwäichunge berengegt, stabil bei 5,8 Prozent.
Déi gréissten Hausse bei den Demandeurs d’emploi gëtt et bei besonnesch qualifizéierte Leit (Diplomer aus dem Enseignement supérieur), a bei Leit, déi tëscht 30 a 44 Joer al sinn. Wat d’Aarbechtssecteuren ugeet, esou ass virun allem d’Constructioun betraff. Ma och Leit, déi am Stroossentransport, an der Industrie, an der Comptabilitéit, an der Informatik an am Bankesecteur beschäftegt waren, komme besonnesch dacks an der Statistik vir.

Iwwert ee Joer gesinn ass d’Zuel vun de Leit, déi Chômage kréien, ëm 16 Prozent geklommen (+1.404). Eleng am September 2024 hu sech 117 Leit nei bei der Adem ageschriwwen, wat eng Hausse vun 3,7 Prozent am Verglach zum Virjoresmount ass. Dozou muss awer gesot ginn, datt ënnert deenen 117 Persounen 63 ukrainesch Refugiéeë sinn, déi zu Lëtzebuerg eng Protection temporaire hunn.
Am Laf vum September hunn d’Employeuren 3.110 oppe Plaze bei der Adem deklaréiert, vergläichbar mam September 2023. Insgesamt sinn am Verglach zum Joer virdrun allerdéngs 24,9 Prozent manner Plazen ausgeschriwwen. Zum 30. September waren der Adem 6.737 oppe Poste gemellt.