Fir e puer Stonnen vum Alldag ofschalten, Problemer vergiessen an einfach zesummesinn a bësse feieren. Dat ass et, wat d’Chrëschtfeier vun der Stëmm vun der Strooss deene Leit soll erméiglechen, déi et aus ënnerschiddleche Grënn méi schwéier am Liewen hunn.
Um Donneschde Mëtten, 10 Deeg virun Hellegowend, haten d’Vertrieder vun der Asbl, zesumme mat weidere 70 Benevollen op e Chrëschtiessen an de Kulturzenter op Bouneweg invitéiert.
Iwwer 400 Persounen, vun deenen der vill all Dag op d’Hëllefsservisser vun der Stëmm vun der Strooss zréckgräifen, waren um Rendezvous. Ënnert hinnen de Sebastian Graffe, deen aus perséinlecher Erfarung schwätzt, wann e seet, et wier net einfach op der Strooss z’iwwerliewen: “Ech fannen et einfach wichteg, dass och un déi Leit, déi op der Strooss sinn, geduecht gëtt, well immens vill Leit denken, déi Leit déi op der Strooss sinn, déi man et express. Am Géigendeel. Anstatt dass d’Leit direkt urteelen, sollen se d’Leit fir d’éischt unhéieren, wat geschitt ass. Ech war op der Strooss nodeem mäi Papp verstuerwen ass, du war ech bei menger Mamm. Si huet du gesot, kuck, dass de eens gëss. Du koum een nom aneren. Drogenofhängegkeet, Alkoholofhängegkeet, Suizid-Versich. Ech hunn den Androck, wéi wann net vill Politiker wierklech d’Aen virun der Realitéit opmaachen.”
Eng Realitéit ass, datt d’Stëmm vun der Strooss viru 4 Joer nach ronn 100.000 Moolzechten pro Joer u mannerbemëttelt Leit verdeelt huet. Mëttlerweil léich ee bei 150.000, seet de Marcel Detaille, deen d’Asbl zënter bal 20 Joer presidéiert. Et géif him Suerge maachen, datt ëmmer méi Leit duerch finanziell an aner Problemer op Hëllef ugewise wieren. Woubäi et zu Lëtzebuerg, am Verglach mat den Nopeschlänner, nach wierklech vill Ënnerstëtzung géif, och vun der Politik.
En oppent Ouer fir déi méi aarm Mënschen op der Chrëschtfeier haten um Donneschdeg och de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria-Teresa, déi sech nodeems se d’Benevole begréisst haten, ënnert d’Beneficiairen gemëscht haten: “Ech mengen, dass wichteg de Leit ze weisen, datt e Staatschef a seng Fra, datt et wichteg ass fir eis, hinnen ze begéinen, mat hinnen ze schwätzen, ze wëssen, wat hiert Liewen ass, wat d’Problemer sinn an ze wëssen allgemeng, wat geet a wat net sou gutt geet an eisem Land. Mir rechne mat eisem Gouvernement an eisem Land, datt si maachen, wat si kënnen fir dëse Leit ze hëllefen.”
Esou d’Grande-Duchesse Maria-Teresa, déi zesumme mam Grand-Duc Henri gutt zwou Stonnen op der Chrëschtfeier zu Bouneweg verbruecht. Béid hu sech laang mat der mannerbemëttelte Leit ënnerhal an och net ofgewonk wann een e Selfie mat hinne wollt maachen.
Als Chrëschtkaddo gouf et fir d’Clienten vun der Stëmm vun der Strooss, nieft engem 3-Gang-Menü, eng méiglecher gratis Frisur, enger Tut mat Hygiènesartikelen a Spillsaache fir d’Kanner och nach e Kuerf mat Schal, Mutz an Händchen dran.