
Deen ass schockéiert, datt bis ewell eréischt en Drëttel vun de Leit aus dem Fleege- a Gesondheetssecteur, déi eng Invitatioun kruten, och e Rendez-vous geholl hunn, fir sech impfen ze loossen. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat déi Zuel an der Äntwert op eng dréngend parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte genannt. Et misst méi gemaach ginn, fir Vertrauen an d'Impfung ze schafen, esou de Claude Wiseler.
"Ech verstinn och net d'Politik vun der Regierung, déi bis elo nach kaum déi genügend Explikatioune ginn huet, déi nach keng Campagne gemaach huet, keng Sensibiliséirungscampagne fir d'Impfungen, wou nach net vill geschitt ass an ech ginn och dovunner aus, datt den Accès, fir déi Impfung ze kréien, net ganz evident ass, well ee se muss op informateschem Plang maachen, also eng ganz Rei Saachen, déi et schwéier maachen an déi am Fong deen Taux vun 31 Prozent erklären, deen ass erschreckend déif an dat kann net esou bleiwen."
Dat virun allem, wann nom Gesondheets- a Fleegesecteur och ugefaange gëtt, de Rescht vun der Populatioun ze impfen, sou den CSV-Deputéierten.
"Wéi wëll der dann eng Adhesioun vun de Leit zu engem Impfplang kréien, wann der net transparent sidd, wann der net kloer sidd, wann der net däitlech sidd a wann der net de Leit sot a wéi engen Delaie se dann héchstwarscheinlech drukommen. Ech fannen, datt déi Adhesioun anescht muss gemaach ginn, ech fannen, datt eng Campagne muss gemaach ginn an ech fannen, datt de Leit mat engem klorem an däitlechem Impfplang muss gesot ginn, wéini ongeféier se drukommen. Datt dat dann heiansdo ka verréckelt ginn, well d'Liwwerungen net esou séier geschéien, dat ass jo normal, dat versteet jo och jiddereen. Mee et muss klore Wäin do ausgeschott ginn."
Et misst een och kucken, sou wäit et vum Stockage vun de Vaccine méiglech ass, eng Dezentraliséierung ze erméiglechen, fir den Accès op d'Impfung sou einfach wéi méiglech ze maachen.