26.880 Dosissen op Stock, esou SantéCSMI recommandéiert weider Impfung fir vulnerabel Persounen

Pierre Weimerskirch
Viru knapp 2 Woche koumen och zu Lëtzebuerg d'Recommandatiounen eraus zu de Corona-Impfungen. Wéi grouss ass d'Nofro a wat ass op Stock, mir hu nogefrot.
© AFP

Den 26. September huet de Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI) säi rezentsten Avis zur Opfrëschungsimpfung erausginn. An dësem kréie virop vulnerabel Persoune recommandéiert, sech elo am Hierscht eng weider Kéier ze impfen. D’Recommandatioun wier och per Circulaire un d’Hausdoktere verschéckt ginn, esou d’Direktioun vun der Santé op Nofro.

Dosissen op Stock a weider Liwwerunge virgesinn

Vum ugepassten Impfstoff vu Pfizer (XBB1.5.) huet Lëtzebuerg den Ament 26.880 Dosissen op Stock. Dovun 17.280 Dosisse fir Erwuessener, 4.800 fir Kanner an nach emol 4.800 fir kleng Kanner am Alter vu 6 Méint bis 4 Joer.

An den nächste Woche wiere weider Liwwerunge virgesinn, dat krute mir op Nofro vun der Santé gesot.

Nofro hält sech bis elo a Grenzen

Am September hunn insgesamt 19 Dokteren eng Demande fir de Vaccin gemaach, wat engem Total vun 486 bestallten Dosissen entsprécht, an der éischter Kalennerwoch Oktober waren et der 93, wat engem Total vun 3.138 bestallten Dosissen entsprécht. Dat huet d’Santé schrëftlech op eis Fro geäntwert.

Back to Top
CIM LOGO