CGDISCyclist vu Camionnette ugestouss um Belair um Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
Um 12.24 Auer gouf an der Avenue Guillaume an der Stad ee Vëlosfuerer vun enger Camionnette ugestouss. Heibäi gouf eng Persoun blesséiert.

Bei Steeën ass um 14.29 Auer een Auto de Rampli erofgefuer. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Um 15.03 Auer huet an der Rue de l’industrie zu Stroossen eng Wäschmaschinn gebrannt. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Zu Esch krute sech um 16.22 Auer an der Rëmelenger Strooss 2 Gefierer ze paken. Derbäi goufen zwou Persoune verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO