Vun 10 Auer moies bis 18 Auer owes krut een hei déi villfälteg Aarbecht vun de Pompjeeën a Secouriste gewisen - ob Bëschbränn, Héichwaasser oder d'Befreiung vu Persounen aus Haiser oder Autoen.
Donieft konnt een zu Iechternach och e Bléck op de Läschfliger vun der Cargolux geheien.
Dausende Visiteure sinn op Iechternach bei de Séi komm, fir en Abléck an d'Aarbecht vum CGDIS ze kréien. De Generaldirekter Paul Schroeder sot am Interview, dass een dëst Joer de Schwéierpunkt op d'Spezialunitéite vum CGDIS gesat hätt. E Konzept, wat duerchaus opgaangen ass, well vill Leit op dësen drëtten nationalen Dag vun de Rettungsdéngschter komm sinn. Och vill méi, wéi d'Organisateuren erwaart hunn.
Informatiounen iwwert den Evenement fannt Dir um Site vum CGDIS.