ZeienopruffDe 6. Januar ass et zu Dikrech zu enger Kläpperei komm

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no engem Sträit zu Dikrech no Persounen, déi den Tëschefall solle gesinn hunn.
© RTL Grafik

Géint 14.15 Auer de 6. Januar koum et um Parking “Klusster” zu Dikrech zu engem Sträit tëscht zwee Männer. Et soll och zu Handgräiflechkeete komm sinn.

Zeie sollen den Tëschefall gesinn hunn. Si an all Persounen, déi soss nach relevant Informatiounen hunn, si gebieden, sech beim Kommissariat Dikrech-Veianen ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000 oder via Mail u police.diekirchvianden@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO