AfenhëtztDe Bausecteur schweesst

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 30 Grad Celsius um Schantjen, prall Sonn, Stëbs a Bëtong: E Mix, deen dëser Deeg fir schwéier Aarbechtskonditiounen um Bau suergt.
De Bausecteur schweesst
Iwwer 30 Grad Celsius um Schantjen, prall Sonn, Stëbs a Bëtong: E Mix, deen dëser Deeg fir schwéier Aarbechtskonditiounen um Bau suergt.

“Ça ressemble déjà au Portugal. Un peu trop chaud. Mais on doit supporter, on doit boire beaucoup d’eau pendant la journée. Commencer plus tôt, faire 8 heures et arrêter plus tôt parce que l’après-midi, c’est compliqué, c’est trop chaud.”, seet den Ekippechef Amilcar Dos Santos Bandão

Mesuren, déi de Patron vun der Baufirma ëmgesat huet. Am Secteur géifen dës Woch vill Betriber schonn um 6 amplaz um 7 ufänke mat schaffen, erkläert de Roland Kuhn, President vun der Federatioun vun de Bau-Entreprisen. Da kéint ee mëttes éischter ophalen. Och Iwwerstonne géif een evitéieren. Genuch Waasser zur Verfügung stellen an op adequat Aarbechtskleedung halen.

“Hëtztfräi” gesäit de Lëtzebuerger Code du travail net explizitt vir, hält awer fest, datt den Employeur zu all Moment fir d’Aarbechtssécherheet a Gesondheet vu senge Leit muss suergen. Vu wéi engen Temperaturen un dat gëllt, ass net uginn.

De Marco Boly, Direkter vun der Inspection du travail et des mines (ITM) seet: “Et gëtt ëmmer nëmme generell geschwat, datt d’Aarbechtskonditioune mussen adaptéiert sinn an dass ee senge Salariéë muss d’Méiglechkeet ginn, datt se ze drénken hunn, datt se sech kënnen an de Schied sëtzen an datt se kënne géint d’Sonn geschützt ginn.”

Chômage pour intempéries ass och bei Hëtzt méiglech, géif awer ganz seelen ugefrot ginn, seet d’ADEM op RTL Nofro hin. Déi lescht 2 Joer krut d’Aarbechtsamt keng esou eng Ufro, e Méindegmoien awer dunn direkt zwou.

Um Internetsite vun der ITM ginn et Recommandatioune fir d’Employeuren, fir hir Mataarbechter virun der Hëtzt ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO