Infoversammlung am TramschappDe "Cannabis-Koffer" soll iwwer Konsum vun THC a CBD opklären

Monique Kater
Wat ass d’Differenz tëscht Shit a Gras, wat déi tëscht CBD an THC? A wat steet am neie Gesetz?
De Cannabis-Koffer kläert op
De Centre National de Prévention des Addictions, kuerz CNAPA, huet zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, eng Rei Informatiounsversammlungen organiséiert.

De CNAPA (Centre national de prévention des addictions) an d’Stad Lëtzebuerg hunn en Donneschdeg am Tramsschapp um Lampertsbierg Äntwerten op esou an änlech Froe ginn. Jiddwer Intresséierte ka sech am Kader vun der Initiativ: Cannabis-Koffer on tour, iwwert d’Thema Cannabis oder och de Konsum vun THC a CBD an all senge Forme schlau maachen. Um Donneschdeg waren d’Awunner aus der Stad op d’Informatiounsversammlungen invitéiert. Duerch hir 20 Joer al Duechter wiere si intresséiert um Thema Drogen an deels komplett géint Cannabis. Vun deenen, déi virun d’Kamera koumen, ware si déi eenzeg, déi wollten eppes méi iwwer Cannabis als potentiell geféierlech Drog gewuer ginn. Déi, déi d’Gewunnecht hunn ze dämpen, also Shit oder Gras ze fëmmen, kënne sech gemengerhand souwisou aus a wuel och d’Äntwerten, déi et am Tramsschapp gouf. De Public dofir: Keng Teenager, mee dofir Leit, déi op si fir Alternativen zur klassescher Medezin.

De Vertrieder vum Preventiounszenter hat sech virgeholl, just liicht schoulesch also informativ ze ginn, dës Sitzung wier eppes fir jiddwereen, vun Doktere bis bei Jugendlecher, et géing ëm Präventives an ëm Detailer aus dem Gesetz, sou de Luc Both, Erzéiungswëssenschaftler am CNAPA.

Dem Maurice Bauer, Stater Schäffe fir Jugend seng perséinlech Meenung ass déi, dass ee mat der Preventioun net wäit genuch wier, d’Regierung wier deels virun de Won gelaf. An de Koalitiounsgespréicher géif decidéiert, ob a wa jo a wéi engem Sënn een um Gesetz eppes géing änneren.

Informatioune ginn et iwwer de Site CNAPA.lu an um Telefon 691 497 755.

Back to Top
CIM LOGO