
Op ee Joer gekuckt, ass de Chômage staark geklommen, ëm 18,3%. Dat sinn iwwer 2.800 Leit méi, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn. Déi gréissten Hausse gouf et am Mäerz an am Abrëll.
Am November goufen iwwer 2.500 oppe Plaze bei der Adem gemellt. Am Ganze gëtt et wäit iwwer 6.500 Aarbechtsplazen, déi net besat ginn. Dat si 7,5 % manner wéi virun engem Joer.