AdemDe Chômagetaux bleift bei 4,9%, Zuel vu Chômeure geet erof

Roy Grotz
Op 1 Joer gekuckt, ware 4.136 Leit manner bei der Adem ageschriwwen, wat enger Baisse vun 21% duerstellt.

De Chômagetaux bleift stabel bei 4,9% - dem niddregsten Niveau zanter ufanks 2009. D’Zuel vu Leit, déi op der Sich no enger fester Aarbecht sinn, ass am Februar awer souguer nees erofgaangen, sou de Statec an d’Adem. Op ee Joer gekuckt, ware 4.100 Leit manner bei der Adem ageschriwwen, wat eng Baisse vun engem Fënneftel duerstellt.

Bilan Chômage Mäerz 2022 - Reportage Roy Grotz

Aktuell si genee 15.340 Persoune bei der Adem ageschriwwen, déi eng Aarbecht sichen. Dat sinn 21% manner wéi zejoert am Februar.

De Chômage-Taux bleift stabel bei 4,9%. Am Verglach: Mëtt 2020 louch dee bei 7%. Ee Peak, nodeems den Taux awer du permanent erofgaangen ass.

D’Zuel vun de Chômeure geet an alle Kategorien erof - och bei de Laangzäitchômeuren, déi méi wéi 1 Joer bei der Adem ageschriwwe sinn. Trotz allem maachen dës Leit nach ëmmer bal d’Hallschent vun alle Chômeuren aus.

D’Zuel vun de Leit, déi sech nei bei der Adem aschreiwen, bleift ganz niddreg: de leschte Mount waren dat nëmmen 1.850 Residenten. Am Joer 2018 louch d’Mounts-Zuel vun Nei-Inscriptioune genee sou niddreg.

Et ginn aktuell awer och nach ëmmer vill Leit, déi an enger vun de Beschäftegungsmesuren dra sinn: dat sinn am Februar 4.300 Fraen a Männer gewiescht - e Plus vun 4% par Rapport zum leschte Joer.

Dann ginn et natierlech och ëmmer nei Plazen, déi bei der Adem gemellt ginn - am Februar waren dat der 300 - alles an allem ginn et lo eng 11.000 fräi Plazen, fir déi sech Leit kënne mellen. 81% vun dëse Plaze sinn CDIen oder CDDen - 11% sinn Interim-Jobs.

PDF: De Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO