ademDe Chômagetaux bleift stabel bei 5,2%

RTL Lëtzebuerg
16.111 Persoune waren de leschte Mount bei der adem ageschriwwen, deemno 13% méi ewéi am Juli 2022. Et ass e Plus vun 1.852 Persounen.

De Chômagetaux bleift am Juli genee wéi am Juni stabel bei 5,2 Prozent. Et géing een allerdéngs feststellen, dass d’Zuel vun den Demandeurs d’emploi, déi sech eng éischte Kéier bei der adem aschreiwen, an d’Luucht geet. Ëm eng 248 Persounen, dorënner 86 Ukrainer, déi duerch hir temporär Protektioun an der EU dierfe schaffen.

Zuele vum Statec

PDF: Schreiwes vun der ADEM

Back to Top
CIM LOGO