Diagnos zanter 2016De Frank Elstner spillt Dëschtennis, boxt a walkt géint Parkinson

Raphaëlle Dickes
Dee bekannten Entertainer krut 2016 d’Diagnos an ass zanter e puer Joer Botschafter fir d’Parkinson-Stiftung.
De Frank Elstner spillt Dëschtennis, boxt a walkt géint Parkinson
Dee bekannten Entertainer krut 2016 d’Diagnos an ass zanter e puer Joer Botschafter fir d’Parkinson-Stiftung.

"Also mir geht es eigentlich ganz gut", sot de Frank Elstner, deen en Donneschdeg op Invitatioun vu ParkinsonNet an hirer Amicale zu Lëtzebuerg war. Virun anere Betraffenen, wéi dem fréiere Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, an och mat eis huet dee fréiere Radio- an Tëlee-Star iwwer déi eegen Erfarunge mat der neurodegenerativer Krankheet geschwat.

Vill Sport maachen hätt him gehollef. Dëschtennis, walken a souguer um Boxen huet de Frank Elstner Freed fonnt. D'lescht Joer huet hien nach bei de Parkinson-Ping-Pong-Meeschterschaften an Däitschland matgespillt. Dofir säin Opruff un aner Parkinson-Patienten, vill Sport ze maachen a sech dat auszesichen, wat engem Spaass mécht. "Und dieses "bewegt Euch" muss man ernst nehmen. So dreimal eine, anderthalb Stunden pro Woche, das reicht nicht. Man muss jeden Tag eine Stunde opfern!”

"Ich bin jetzt Bettler für Parkinson"

De Frank Elstner huet seng Parkinson-Erkrankung 2019 ëffentlech gemaach. Als Moderator op der Tëlee hätt hie probéiert, säin Zidderen un der Hand ze verstoppen. Ma iergendwann géif ee sech doduerch “schwindelen”, dat wär net dat richtegt. Op der Tëlee ass de bekannte "Wetten dass"-Erfinder, Moderator an Talkmaster haut net méi dacks ze gesinn. Wann, dann als Invité.

Hie géif méi schlecht schlofen an hätt och alt mol Problemer mat der Konzentratioun. “Ich mach jetzt hier im Interview mit Ihnen zum Beispiel an Stellen Pause, wo ich früher keine Pausen gemacht hätte. Und deswegen will ich auch kein Fernsehen mehr machen, weil die Leute haben mich fünfzig Jahre lang ertragen und wissen genau, was sie von mir zu erwarten haben.”

© Raphaëlle Dickes / RTL

Fir Parkinson-Opklärung ass de 84 Joer ale Frank Elstner awer nach ze hunn. Zanter e puer Joer ass hie Botschafter vun der däitscher "Parkinson Stiftung". Hie wär gefrot ginn a géif gär hëllefen, fir Spenden ze sammelen, betount de fréieren Entertainer. “Ich bin jetzt Bettler für Parkinson und ich muss sagen, dass viele der von Parkinson betroffenen Familien meinen Appell auch angehört haben.”

Duerch säin Neurolog a Co-Auteur vum Buch “Dann zitter ich halt - mein Leben trotz Parkinson”, dem Parkinson-Expert Prof. Dr. Jens Volkmann, wär hien zum "Amateur-Parkinson-Kenner" ginn. Am RTL-Interview wollt de Frank Elstner awer nach dëse Message mat op de Wee ginn: “Leute, wir können uns auch noch über Radioprogramme unterhalten, über Musik, über Menschen, über Abenteuer und nicht nur über Parkinson.”

Zu Lëtzebuerg liewen iwwer 1.000 Mënsche mat Parkinson. Eng neurodegenerativ Krankheet, déi bis haut net ze heelen ass a vu Patient zu Patient ganz ënnerschiddlech Facettë kann hunn.

Back to Top
CIM LOGO