
De Jean-Marc Cloos iwwerhëlt säi Mandat vum 16. November un.

De Nicolas Back war eng hallef Mandatsperiod laang am Gemengerot aktiv, ënner anerem an den technesche Beräicher an an der Energiepolitik.
De Jean-Marc Cloos ass Fachdokter fir Psychiatrie a laangjärege Member vun déi Gréng. Hien ass och am Exekutivcomité vun der Partei aktiv a war iwwer Joren an der Schoulkommissioun vun der Stad engagéiert. Am Gemengerot iwwerhëlt hien ënner anerem d'Dossieren Technik, Sport a Subsiden.