
De Mil Jung huet viru sengem Engagement am Ministère, respektiv dem SIP, och als Franséischprofesser enseignéiert.
Direkter vum SIP war de Mil Jung vun 1997 bis zu senger Pensioun.
Do dernieft war de Mil Jung a senger Jugend e passionéierten Athlet. Dem Leefer säi Rekord iwwer 400 Meter figuréiert bis haut nach an de Rekordlëschte vun der nationaler Liichtathletik a geet op d’Joer 1969 zréck, wéi de jonke Mil Jung dës Distanz op engem Meeting zu Font Romeu an 47,4 Sekonne gelaf war.
Am Alter vun nëmmen 29 Joer huet de Mil Jung och Enn de 70er Joren d’Presidence vun der FLA fir 11 Joer laang iwwerholl.
De Mil Jung ass de Brudder vum bekannten Acteur Aender Jung, deen dëst Joer seng 70 Joer feiert an zu München lieft.
Hien hannerléisst seng Fra, 3 Meedercher a 6 Enkelkanner.
Der Famill vum Mil Jung op dëser Plaz eist éierlecht Bäileed.