LuxInnovation"De Motor vun der Innovatioun"

Serge Pauly
Wie stoe bleift, dee verléiert. Wann eng Firma hautzedaags wëll Succès hunn, da muss se sech an hir Produite permanent nei erfannen.
LuxInnovatioun hëlleft Startuppe bei Ëmsetzung vu Projeten
SolarCleano konnt och vun der Hëllef vu LuxInnovation profitéieren.

D’Agence LuxInnovation soll dofir suergen, dass et net bei deene Floskele bleift. Kierzlech gouf d’Strategie fir déi nächst 4 Joer virgestallt. Wéi d’Agence dozou bäidroe kann, dass aus enger innovativer Iddi eng Erfollegsgeschicht “made in Luxembourg” gëtt, dat huet sech de Serge Pauly zu Graas ugekuckt.

SolarCleano - eng Firma, déi 2018 als Startup gegrënnt gouf, mä déi scho laang aus de Kannerschong eraus ass. Hei gi spezialiséiert Robotere gebaut fir d’Maintenance vu Solarpanneauen. Wann de Reen net duergeet, fir d’Panneaue propper ze halen, muss nämlech nogehollef ginn, fir dass d’Kapazitéit vun der Anlag net ze vill ënnert Stëbs, Sand a Pollen leit. Mä dës Robotere botzen net nëmmen, si analyséieren och, ob d’Panneauen net beschiedegt sinn.

Well ëmmer méi Solarparken an entleeënen Géigenden (wéi beispillsweis Wüüst) gebaut ginn, froen d’Bedreiwer no Maschinnen, déi dësen Entretien komplett autonom erleedege kënnen. SolarCleano liwwert mëttlerweil an déi ganz Welt.

D’Robotere ginn zu Lëtzebuerg zesummegebaut an entwéckelt. Si stieche voller Innovatiounen. Lëtzebuerger Knowhow amplaz internationale Präiskampf. D’Konkurrenz kéim aus China an Indien, géint déi een net u kéim. Dofir misst ee Produiten ubidden, déi vill méi en héije Standard hunn. D’Ingenieursteam géif ëmmer nees mat innovativ Léisunge proposéieren, esou de Christophe Timmerman, CEO vu SolarCleano.

Dësen Esprit wëll LuxInnovation och an Zukunft stäerken. An der neier Strategie bis 2025 huet dës Agence sech 7 grouss Objektiver ginn, dorënner d’Ënnerstëtzung vu Startups oder d’Begleedung vu Firmen am Transitiounsprozess Richtung Nohaltegkeet an Digitaliséierung. LuxInnovation gesäit sech als Vermëttler, deen den Terrain preparéiert, fir dass aus innovativen Iddien konkret Projete ginn.

Dofir géif et ganz vill Weeër ginn an och Ënnerstëtzunge vum Staat, seet d’Sasha Baillie, CEO vu LuxInnovation. Et wier een do, fir dat ze vereinfachen. De groussen Defi wier, fir dat accessibel ze maachen, fir d’Entreprisen an hinnen ze hëllefen um Wee vun der Transformatioun, fir dass se déi Allerbeschte bleiwen.

Esou huet LuxInnovation och d’Firma SolarCleano begleet, wou déi en neie Produktiounssite gesicht huet, an en neie Roboter entwéckele wollt. D’Agence selwer finanzéiert keng Projeten, mä weess wou wéi eng Dëppen ugezaapt kënne ginn, a guidéiert d’Betriber duerch den administrative Parcours.

LuxInnovatioun huet en externe Bléck op d’Dossiere vu SolarCleano. Déi iwwerpréiwen dann, wat een eragëtt un Dossieren, fir dass d’Dossiere wierklech komplett sinn a gutt erklären, wat ee vir hätt, wéi eng Investitiounen ee maache wéilt a wéi een d’Entwécklung dann op Laangzäit rentabiliséiere kéint, esou de Christophe Timmerman.

Bei SolarCleano begréisst een och de Kontakt mat anere Betriber, dee sech duerch den Networking vu LuxInnovation erginn huet. Esou géifen nei Iddien an nei Opportunitéiten entstoen. D’Firma wëllt weider wuessen, an an den nächste Méint weider Mataarbechter rekrutéieren.

Back to Top
CIM LOGO