Reaktioun op Intention de classement vum KulturministèreDe SEBES ass prett fir juristesch Schrëtt, wa säi fréiert Gebai Denkmalschutz kritt

Marc Hoscheid
Beim Gemengesyndikat fäert een, datt d'Drénkwaasseropbereedung duerch d'Erhale vun den ale Gebailechkeeten an Zukunft onnéideg komplizéiert kéint ginn.
D’Gebei vun der SEBES zu Esch Sauer.
© Marc Hoscheid

Gëtt dat fréiert SEBES-Gebai bei der Staumauer zu Esch-Sauer ënnert nationalen Denkmalschutz gestallt oder net? Déi Fro steet scho länger am Raum. Wann et dem SEBES nogeet, gëtt d’Gebai net geschützt, well een an e puer Joerzéngte rëm op deen ale Site zeréckgoe wëllt. De Kulturministère huet awer mëttlerweil eng Intention de classement verschéckt. Beim SEBES préift een dowéinst elo juristesch Schrëtt.

SEBES iwwer Intention de classement / Reportage Marc Hoscheid

Mir ware schonn e bëssi enttäuscht”, esou beschreift de SEBES-President André Weidenhaupt seng éischt Reaktioun op de Bréif aus dem Kulturministère. Ëmmerhin hätt ee schonn erkläert, firwat eng Klasséierung vum Gebai keng gutt Iddi wier. Ma et stéisst ee sech och dorunner, datt d’Intention de classement reng un de Finanzministère als Ministère de tutelle geschéckt gouf. De Staat wier zwar Proprietär vum Terrain, mee d’Gebaier géingen awer dem SEBES gehéieren, da wier et scho liicht komesch, wa méi iwwert ee wéi mat engem geschwat gëtt. Beim SEBES geet een anscheinend dovun aus, datt dat fréiert Gebai klasséiert wäert ginn, dowéinst huet ee sech zur Sécherheet déi lescht Woch d’Méiglechkeet ginn, Ester en justice, ze maachen.

“Mir hunn eis déi Autorisatioun gi gelooss, datt och kee lo seet, firwat hu si lo een Affekot ageschalt. Well dat dierf een als Gemengenorgan net maachen, wann ee sech déi Autorisatioun net gi léisst. Dofir hu mer dat lo gemaach, fir datt mer spéider kee Problem kriten, fir et zäitno ze maachen. An eisen Decisiounsorgan, eise Comité, war unanime doranner.”

Sollt d’Gebai klasséiert ginn, géing ee warscheinlech fir d’éischt géint d’Prozedur u sech virgoen, gläichzäiteg géing een awer och schonn Argumenter sammelen, fir d’Decisioun am Fong unzefechten. Elo huet ee mol dräi Méint Zäit, fir dem Kulturministère via de Finanzministère ze äntweren. Dono huet de Kulturministère da sengersäits nach eng Kéier sechs Méint Zäit, fir de Klassement ze confirméieren oder eben och net. Zanter e puer Joer bedreift de SEBES eng Anlag zu Eschduerf, op engem Site, wou een deemools keng Contrainte gehat hätt. Ma wann déi bis un hirem Liewensenn ukomm ass, wëllt een um ale Site zu Esch-Sauer eng nei Anlag opriichten. Sollt dat alt Gebai mussen erhale bleiwen a wann och just zum Deel, géing dat awer eng Contrainte duerstellen.

De SEBES-President André Weidenhaupt an de SEBES-Direkter Georges Kraus (v.l.n.r.)
De SEBES-President André Weidenhaupt an de SEBES-Direkter Georges Kraus (v.l.n.r.)
© Marc Hoscheid

“Dofir ass och am Finanzéierungsgesetz fir déi nei Anlag d’Ofrappe virgesinn, fir datt een, wann een 2050 dorëmmer da wéilt ufänken, fir eng nei Anlag do ze bauen, datt een dann och do keng Contrainte méi hätt, an déi hätte mer jo dann. An et ass ni gutt, wann der sou eng Contrainte hutt.”

Ee Klasséiere vum Gebai géing also dem Finanzéierungsgesetz an domadder enger unanimmer Decisioun vun der Chamber widderspriechen. Et hätt iwwregens och ni ee Member vun der zoustänneger Chamberkommissioun d’Fro opgeworf, ob dat aalt Gebai net misst erhale ginn. Beim SEBES ass een op alle Fall net där Meenung. All déi Elementer, déi als erhalenswäert agestuuft goufen, wieren nämlech net un d’Gebai gebonnen.

“Do ass mol ëmmer vun där Trap geschwat ginn, jo déi kann een iergendwou histellen. Do ass vun der Schalttafel geschwat ginn, och déi kann een eraushuelen an iergendwou soss histellen. Do sinn aner Elementer, dee Sëtzungssall mat deene Lüsteren aus de 70er-Joren, déi kann een och soss iergendwou ophänken.”

Et hätt een och proposéiert, fir eng dräidimensional Kopie vum Interieur vum Gebai ze maachen, och vun Elementer, déi net als schützenswäert agestuuft goufen. Ma dorobber hätt ee vum Kulturministère bis haut kee Retour kritt.

D’Demande, fir dat fréiert SEBES-Gebai klasséieren ze loossen, koum initial vun der Gemeng Esch-Sauer. Dem André Weidenhaupt no hätt een dowéinst awer kee Sträit mat der Gemeng. Et géing een a villen anere Beräicher gutt zesummeschaffen, ma an deem spezifesche Punkt géingen d’Meenungen diametral ausernee goen.

Back to Top
CIM LOGO