
Dat sot d’Gesondheetsministesch an der Chamber. Domat huet si op Froe vun der Françoise Kemp (CSV) an Djuna Bernard (déi gréng) geäntwert.
Datt den Defizit vun der Croix-Rouge ëmmer méi grouss gëtt, kéim doduerch, datt d‘Ventë vu Produiten, déi aus Bluttspende gewonne ginn, erofgaange sinn. Et géif deemno näischt hëllefen, just d‘Tariffer eropzesetzen. D‘Negociatioune mat der CNS, déi dës Tariffer festleet, wieren nach amgaangen, sollen awer an den nächste Wochen ofgeschloss ginn.
Weider géif eng Analys vun der Finanzinspektioun ofgewaart, fir ze decidéieren, wéi et konkret wäert virugoen respektiv wéi vill de Staat muss bäileeën, fir den Defizit vun der Croix-Rouge ze decken, bis de Service da ka ganz verstaatlecht ginn, esou d‘Ministesch.
Defizit beim Bluttspende-Service: D’Rout Kräiz leet dëst Joer 2 Milliounen drop