
Fir déi genee Doudesuersaach festzestellen, huet de Stater Parquet eng Autopsie ugefrot. Zënter de leschten Deeg gouf jo intensiv no der Fra gesicht, e Samschdeg koum d’Gewëssheet, dass d’Fra net méi um Liewen ass.
Am Raum Jonglënster hunn de ganzen Donneschdeg iwwer Fräiwëlleger d’Gebitt vun der Gemeng duerchsicht, dat op Initiativ vun hirem Fils, deen aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm war.