Am IwwerbléckDéi wichtegst Fuerderungen an Iwwerleeunge vun der Elterevertriedung

Caroline Mart
Och déi national Elterevertriedung huet vill Bedenken, déi se via oppene Bréif matgedeelt huet.
Déi wichtegst Fuerderunge vun der Elterevertriedung
Och déi national Elterevertriedung huet vill Bedenken, déi se via oppene Bréif matgedeelt huet.

Virop ass et d’Bedaueren, iwwerhaapt net agebonne gewiescht ze sinn, an d’Iwwerleeungen, wéi d ‘Schoulen nees sollen opgoen. D’Stëmm vun den Elteren hätt hei gefeelt. D’Veronsécherung wier grouss, et stinn nach vill Froen am Raum:

Alain Massen, President vun der Nationaler Elterevertriedung: “Wou einfach esou vill Froen am Raum stinn, Detailfroen. Kloer kënnen net all gekläert sinn, mä Läit wëssen net, wou se dru sinn. 38 Congé raisons familiales mat de Gruppenaarbechte mat dem Questionnaire, dee se lescht Woch missen ausfëllen. Do sinn effektiv ganz vill Leit, déi am Moment net wëssen, wou se dru sinn, an déi nächst Wochen net kënnen organiséieren.”

D’Elteren hu misse via Questionnaire d’Besoine fir d’Betreiung vun hire Kanner matdeelen, ier gewosst war, wien an A- oder B-Klasse géing kommen an dofir sollte si net dorop fest geluecht ginn, well dat eventuell zu Problemer op der Aarbecht kéint féieren. An iwwerhaapt wier déi Opdeelung och guer net néideg.

Alain Massen:“Am Endeffekt ass dat e risegen Duercherneen fir d’Kanner, fir d’Elteren, wou kee weess, wou een drun ass, a mir sinn der Meenung, wann d’ Schoul sécher ass an d’Zuele vun den Infektiounen dat och weisen, mir kommen de Moment op dee Punkt, da wier jo och kee Problem gewiescht, fir d’Schoulen erëm ganz opzemaachen! Quit dass ee bestëmmte Mesuren, dat ass ganz kloer, mä fir eis gëtt et kee Grond an de Splitting eranzegoen.”

Sécherheets- a sanitär Moossname bei de klengen Butzen aus dem Cycle 1 an de Schüler aus de Centre de Compétences anhalen ze kënnen, wier absolut onrealistesch, an dofir sollt een hiren Elteren d’Wiel loossen, ob se hir Kanner nach virun der Vakanz zeréck an d’ Schoul schécke wëllen.

Aner Suerg: am Lycée sollten d’Schüler jo d’Méiglechkeet kréien, schlecht Notten duerch zousätzlech Tester ze verbesseren, fir eng Nummer ze kompenséieren; mussen awer am Prinzip op d’mannst 3 Prüfunge gemaach ginn, wat a sou kuerzer Zäit net ëmmer méiglech wier. D’Fro vun der Evaluatioun sollt deemno iwwerduecht ginn, fir de Schüler flexibel entgéint ze kommen. Well de Confinement d’Ongläichheeten nach verstäerkt huet, sollt Vakanz iwwer gratis Nohëllef ugebuede ginn a virun allem de Summer genotzt ginn, gemeinsam e realistescht Konzept fir d’Rentrée auszeschaffen.

Alain Massen:“Et ass eis Offer, déi mir dem Minister och maachen: komm mir setzen ons mat un den Dësch, net just fir den Austausch, mä wierklech fir konkret mat senge Leit do ze schaffen, wéi een do e Projet kéint opbaue fir d’Rentrée!”

RTL-Artikel: Elterevertriedung bedauert, net mat agebonne ginn ze sinn a verlaangt Äntwerten

Back to Top
CIM LOGO