Den Naturmusée ass besonnesch beléift bei Famillje mat Kanner an och bei Schoulklassen. Virun der Pandemie goufen hei iwwer 50.000 Visiteuren d’Joer gezielt. Duerch d’sanitär Moossname sinn et der den Ament just nach hallef esou vill. Datt déi Responsabel vum Musée elo Alarm schloen, huet awer näischt mat der Pandemie ze dinn. Mee mat beschiedegtem Pelz a Fiedere vun den ausgestallten Déieren.
Et ass effektiv e speziellt Gefill, grad fir kleng Kanner, mat der Hand duerch de Pelz vun engem Déier ze fueren. Ëmsou méi, wann et och nach en Exemplar ass, deem een hei zu Lëtzebuerg net am Alldag begéint. Ma dee Geste beschiedegt d’Ausstellungsstéck, dat dacks, an net just seelen, och en héije Wäert huet.
“Mir musse vermeiden, datt d’Visiteuren direkt a Kontakt mat den Déiere kommen, fir datt d’Déiere sou laang wéi méiglech versuergt ginn. Fir datt och spéider Generatiounen dovu profitéiere kënnen. Fir se ze gesinn, ma och als Wëssenschaftler, fir kënnen drop ze schaffen. Datt mer déi Referenz-Stécker an eise Kollektioune behalen”, sou den Direkter vum MNHN Alain Faber.
Viru Joren huet d’Direktioun vum Naturmusée bewosst d’Decisioun geholl, d’Déiere sou no wéi méiglech un d’Visiteuren erunzebréngen, se net hannert Glas ze stellen. Leider mécht dee Choix elo dem Präparator vum Musée ëmmer méi Suergen. De Guillaume Becker erkläert, datt et sech bei den Ausstellungsstécker am Musée ëm richteg Déieren handelt. Um Beispill vun engem Fennek weist den Taxidermise, wéi Visiteuren déi kleng Patt vum Wüüste-Fuuss gebrach hunn. E Schued, deen net méi honnertprozenteg gefléckt ka ginn.

Als am internationale Verglach éischter klenge Musée, mussen déi Responsabel hei zu Lëtzebuerg vill Gedold opbréngen, fir iwwerhaapt un nei Ausstellungsstécker ze kommen.
“Éischtens si se an der Natur ëmmer méi rar. Zweetens muss ee wëssen, datt déi Déieren net geschoss ginn. Et muss ee waarden, datt en Déier an engem Zoo stierft. Do ginn et Waardelëschten, wou ee sech aschreiwe muss, fir en Déier ze kréien. An anere Wierder: déi Stécker sinn net méi z’ersetzen”, ënnersträicht den Direkter vum Musée.
Also dofir nach emol den Appell: Den Naturmusée am Gronn ass eng Visitt wäert. Awer just fir d’Aen. Fanger ewech vun den Déieren! Fir datt och nächst Generatiounen zum Beispill den Albatros vum Cap, deen zanter 1915 am Besëtz vum Musée ass, nach bewonnere kënnen.