Client gräift Veterinärin unDéiereklinik Bäreldeng no Attack fir eng Nuecht zou

RTL Lëtzebuerg
An der Déiereklinik vu Bäreldeng ass an der Nuecht vum 19. op den 20. August eng Déierendoktesch vun engem Mann agresséiert ginn.

Dat geet aus engem Facebook-Post vun der Déiereklinik ervir. Doranner gëtt matgedeelt, datt een an der Nuecht vum 20. op den 21. August d’Diere misst zoumaachen, well den Dag virdrun eng Veterinärin vun engem Client ugegraff gi wier.

Déi Attack confirméiert d’Police op Nofro hin. Kuerz no Mëtternuecht hätt ee Client d’Déierendoktesch attackéiert. Ma d’Fra wier awer net weider blesséiert ginn, mee hätt ënner Schock gestanen. De Schëllege wier no der Attack fortgaangen. Ob een de Mann fonnt huet, konnt ee bei der Police iwwerdeems net soen. Et géing een awer dovunner aus, well d’Identitéit vum Mann bekannt wier.

Back to Top
CIM LOGO