
De Schäfferot wiert sech géint d'Aussoe vun engem YouTuber (een, deen eegen Video-Contenuen um Internet publizéiert), deen am Podcast iwwer seng perséinlech Erfarungen als Remplaçant an enger Déifferdenger Schoul geschwat huet. Déi deels beleidegend Remarke vis-à-vis vun der Schoul, de Schüler an hiren Elteren wieren absolut inacceptabel.
Et wier ee sech iwwert déi "besonnesch demographesch Konditiounen" vun Déifferdeng bewosst, sou de Schäfferot. Déi Diversitéit wier keng Schwächt, mee eng Stäerkt. De Mann huet am Online-Gespréich den Niveau vun eenzelen Schüler an Elteren zu Déifferdeng mat freche Wierder degradéiert an e Verglach mat anere finanziell besser opgestallte Gemenge gezunn.
An hirem Schreiwes hunn d'Gemengeresponsabel de Mann opgefuerdert, sech z'entschëllegen, anerefalls wier mat juristesche Konsequenzen ze rechnen.
De Podcast hat och bei villen Enseignante fir Opreegung gesuergt. De Clip gouf vill op de soziale Reseaue gedeelt, d'Reaktioune sinn deementspriechend.
An engem zweete Message huet sech de YouTuber dunn deelweis entschëllegt, sech awer op eenzele Punkte gerechtfäerdegt.