
D’Geméis weist eng ze héich Konzentratioun u Planzeschutzmëttel (Tebuconazol) op. Betraff ass wéi gesot de gréngen Zellerie vun der Mark Delhaize, deen tëscht dem 8. an dem 17. Oktober verkaaft gouf.
Wien dëse Produit bei sech Doheem huet, kann en zeréck an de Buttek bréngen, fir seng Suen zeréckzekréien. Op alle Fall sollt een de Produit awer net consomméieren.
Numm : CELERI VERT
Mark : Delhaize
Code EAN : 5400112303405
Code : 17/10/2024
Verkaaft vum 08/10/2024 bis de 17/10/2024.