Den Aditya Mittal an den Etienne Schneider si wéi gesot an de Verwaltungsrot gewielt ginn. De fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider ersetzt do de Jeannot Krecké, dee jo och scho säi Virgänger am Ekonomie-Ministère war.
D'Aktionären hunn donieft decidéiert, d'Kapital vum Stolris eropzesetzen.
Wéinst dem Covid-19 war d'Generalversammlung dëst Joer iwwregens an digitaler Versioun. 68 Prozent vun de Stëmmrechter ware vertrueden.
An de 70er Joren hunn nach 40.000 Leit op der Schmelz geschafft. Haut sinn et der bei Arcelor Mittal nach ronn 4.200.
Wärend der Coronakris stoungen d’Wierker zu Lëtzebuerg eng Woch bis 10 Deeg stëll. Eppes, wat et virdrun nach ni gi wier, esou de Robert Fornieri vum LCGB. Mëttlerweil ass een ob bal alle Sitten nees um Volume vun der Produktioun vu Virun der Kris. D’Ausnam wier Déifferdeng, hei wier ee bei 70 Prozent.
Virun der Kris war een Transformatiounsplang bei der Stolentreprise virgesinn. Elo den Ament läit en op Äis. De LCGB fäert dat aus engem Investitiouns- a Transformatiounsplang en Restrukturatiounsplang gëtt an Aarbechtsplaze gekierzt ginn. De LCGB wënscht sech eng Tripartite, fir den Impakt op d’Aarbechtsplazen ze limitéieren.
Um Samschdeg goufen op der virtueller Generalversammlung den Aditya Mittal an den Etienne Schneider an de Verwaltungsrot vun Arcelor Mittal gewielt. De fréiere Wirtschaftsminister kennt de Secteur iwwert seng Roll als Administrateur am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal wollt den Etienne Schneider näischt soen.
The Annual General Meeting and Extraordinary General Meeting of shareholders of ArcelorMittal (“General Meetings”) held today approved all resolutions by a strong majority.
Luxembourg 13 June 2020 (13:00 CET) – 68% of the voting rights were represented at the General Meetings. In view of the Covid-19 outbreak, the Board of Directors of ArcelorMittal (the “Company”) had decided to hold this year’s General Meetings by virtual-only format, as permitted by Luxembourg law. Arrangements were made to allow shareholders to vote electronically and by proxy voting. The results of the votes will be posted shortly on www.arcelormittal.com under "Investors – Equity investors – Shareholders-events – AGM – Annual General Meeting and Extraordinary General Meeting of shareholders, 13 June 2020" where the full documentation regarding the General Meetings is available.
In particular, the shareholders:
