
Weider heescht et am Schreiwes vum Ministère, dass all net-existenziellen Deplacement an de Süde vum Libanon sollt op e spéideren Zäitpunkt verluecht ginn.
Wann ee sech am Land ophält, sollt ee sech vu gréissere Versammlungen ewechhalen, sech iwwert déi aktuell Situatioun informéieren an den Opfuerderunge vun de lokalen Autoritéiten nokommen.
D’Reeswarnunge fir Israel an d’Palästinenser-Territoire bleiwen iwwerdeems weiderhin a Kraaft.