
Wéi hie vis-à-vis vun Nordliicht-TV sot an RTL op Nofro hi confirméiert huet, wäert hie sech an der Hallschent vun der Legislaturperiod aus dem Parlament zeréckzéien, fir engem méi jonke Plaz ze maachen. Wie fir den Emile Eicher noréckele wäert, hänkt dovunner of, wéi vill Regierungsposten un CSV-Leit aus dem Norde ginn. Sollten esouwuel d’Martine Hansen wéi de Christophe Hansen an d’Regierung kommen, géingen de Jeff Boonen an de Jean-Paul Schaaf direkt noréckelen. D’Plaz vum Emile Eicher wier dann an 2,5 Joer fir d’Myriam Binck-Schaack, d’Buergermeeschtesch vu Rammerech.
Géigeniwwer RTL huet den 1. Schäffe vu Clierf donieft erkläert, datt hie wuel och op der Gemeng no der Hallschent vun der Legislatur ophale wäert. Hei wier et dann un der Rei vum Jean-Pierre Schuller, fir an de Gemengerot nozeréckelen. Den Emile Eicher ass och President vum Syvicol. Am Moment gëtt eng nei Spëtzt vum Gemengesyndikat gewielt. Sollt den Emile Eicher op en Neits President ginn, wier hie sou laang op deem Posten, bis e sech aus dem Clierfer Gemengeconseil zeréckzitt.