Keng Impfunge méi um LampertsbiergDen Impfzenter an der Victor Hugo Hal huet seng Dieren zougemaach

RTL Lëtzebuerg
1.293.051 Impfdosissen sinn zanter dem Ufank der Pandemie bis de 6. Februar hei am Land gesprëtzt ginn.
Den Impfzenter an der Victor Hugo Hal huet seng Dieren zougemaach
E Freideg den 10. Februar, war dee leschten Dag wou ee sech an der Victor-Hugo-Hal konnt impfe loossen.

Eng ganz Rei dovunner an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg. Et war deen éischten Impfzenter a Lëtzebuerg, deen am Dezember 2020 opgemaach huet. E Freideg den 10. Februar, war dee leschten Dag wou ee sech an der Victor-Hugo-Hal konnt impfe loossen. Wéi och schonn déi Woche virdrun war et nawell roueg. Iwwert den Dag verdeelt komme vereenzelt Patienten era gedrëpst. Vun de 16 Impfkabinne sinn der just zwou besat. An enger vun hinnen sëtzt den Dr. Laurent Vandenhove. Hie war schonn um Ufank dobäi, wéi den Impfzenter seng Dieren opgemaach huet. An och elo um leschten Dag ass hien nees am Asaz. “A l’époque on vaccinait plusieurs milliers de personnes par jour, on devait avoir une cadence de 10 à 12 patients par heure pour essayer d’avoir un bon rhythme”, erkläert den Dr. Vandenhove, “actuellement il y a quelques dizaines de patients par jour”. Déi Zäit tëscht de sporadeschen Impfungen verdreift hie sech am léifste mat den Aarbechtskolleegen, ënnert deene schonn ëmmer eng gutt Ambiance gewiescht wier.

Genee dat ass et och, wat dem Dr. Youssef Sofiane feele wäert. Hien ass de Chef vun den Impfzenteren a koordinéiert d’Impfungen, an huet deemno vill Zäit an der Victor-Hugo-Hal verbruecht. “D’un côté j’ai un sentiment de ‘mission accomplie’, parce que c’est pour ça qu’on était là”, esou den Dr. Sofiane, “après j’ai quand même un petit pincement au coeur, parce qu’on a passé beaucoup de temps ici au centre, on a noué des relations avec les collègues, on était comme une famille. Et peut-être on n’aura plus l’occasion de travailler ensemble de cette manière là.”

50 Impfdosisse sinn de leschten Dag um Lampertsbierg administréiert ginn. Wien awer mengt, dass den Impfzenter komplett ofgeriicht gëtt, deen iert sech. Alles bleift sou wéi et ass – fir de Fall wou nees en Impfzenter géing gebraucht ginn. De Recht vun den Impfstoffer gëtt am Frigo an am Tifküler stockéiert, wou e sech déi nächst Wochen a Méint hält. Wat d’Personal ugeet, sou huelen déi eng hir al Aarbechtsplaz rëm op, wärend déi aner berufflech nei Weeër aschloen.

Impfe kann ee sech natierlech weiderhin: beim Hausdokter, Pediater an an den Apdikten. D’Pop-Up Statioun am Belval Plaza Shopping Center mécht de 17. Februar um 16 Auer hir Dieren zou.

Back to Top
CIM LOGO