Bilan no OuschterenDen Tourismus-Déif aus der Pandemie huet een hannert sech gelooss

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg ass bei den Touriste beléift, betount de Sebastian Reddeker, Direkter bei "Luxembourg for Tourism".

2022 war eng gutt Saison mat ënnert anerem de Campingen, déi gutt fonctionéiert hunn an och City Trips wiere beléift gewiescht. 70 Prozent nei Clienten am leschte Joer géife weisen, dass d’Kommunikatioun am Ausland gutt klappt.

Hei am Land ginn et knapp 7.700 Hotelszëmmer, 41.000 Plazen, fir op Campingen ze iwwernuechten an 1.000 Better an de Jugendherbergen. Et misst och weiderhin an deene Beräicher investéiert ginn.

Wat d’Nationalitéit vun den Touristen ugeet, sinn d’Hollänner op der 1 virun de Belsch, den Däitschen an de Lëtzebuerger. An der Moyenne géifen d’Touristen 4 Nuechte bleiwen.

Wat loossen d’Touriste sech hir Vakanz kaschten?

Et wier e Spuer-Trend ze erkennen, virun allem an der Gastronomie an den Extra-Ausgaben sur place. Zu Lëtzebuerg hätt een dem Sebastian Reddeker no awer nach d’Chance, dass d’Haaptclientèle qualitéits- a manner präisorientéiert wier.

D’Previsioune fir de Summer sinn deemno positiv. Buchungen am Mee leien an der Hotellerie elo scho bei 70 Prozent. Am Ganze géif een 20 Prozent iwwert deem leien, wat een dat lescht Joer hat.

Back to Top
CIM LOGO