
Och Camionnettë vun de “Stroossen Englen A.s.b.L.” huet een schonns uechter d’Land gesinn. Si si mëttlerweil zu 8 a verdeelen all Woch Iessen un Familljen, Pensionéierter oder elengerzéiend Elteren. All déi, déi finanziell struewelen an där ginn et hei am Land genuch.
Wat 2018 mat 15 Familljen ugefaangen huet, sinn haut schonns iwwer 1.200 Leit. Do dobäi komme ronn 150 Sans-abrisen, déi all Dag bekäschtegt ginn. Un Aarbecht feelt et de Stroossen Englen op alle Fall net. Iwwert déi lescht Joren ass eng richteg Famill entstanen. Éierlech, onkomplizéiert a sympathesch, dat gëllt och fir de Grënner Jean-Luc Lauer. Hien huet iwwer déi lescht 15 Joer 13 Leit resozialiséiert a reintegréiert. “Meeschtens komme si aus enger Therapie an dann hëllefe mir hinnen eng Aarbecht sichen.” Déi Betraffe kënnen dann esou laang bleiwen, bis si sech sécher genuch spieren, fir op den eegene Been ze stoen. “Also e klenge finanzielle Coussin hunn. Mee et freet een ëmmer rëm ze gesinn, datt si hiert Liewe selbstänneg an de Grëff kréit hunn.”
Den éischte Kontakt ass dacks schei. Mat Gedold a Vertraue ginn d’Stréi geluecht, fir si an en neit Liewen ze begleeden. “Do mierke mir och bei all klenger Reussite bei enger Verwaltung, wou mir mat hinne waren a wou et positiv ausgeet, datt d’Moral klëmmt. Do soe mir dann och: Mir si just do, fir dir de Wee ze weisen, mee du muss et eleng maachen an du mëss dat och eleng”.
Esou hätt awer och all Stroossen Engel seng eege Geschicht. Leit fanne sech eben, erkläert de Jean-Luc Lauer, a mengen, si wieren dem Liewen eppes schëlleg. Eng Fra, déi selwer betraff war, hätt sech virun enger Zäit bei him gemellt fir ze hëllefen. E kuerzt Gespréich hätt erginn, datt si selwer an der Situatioun war an hiert Liewen ëmgedréit krut.
“Si sot: wou ech dat do gesinn hunn, ass alles nees héich komm. Ech wëll hëllefen, awer net um Terrain, dat geet net. Ech packen dat net. Ech sot, mir brauchen ëmmer Leit, déi Zopp kachen – dunn huet si dat gemaach a si war frou, datt si eppes konnt hëllefen. Dat huet mech wierklech gepräägt.”, erkläert de Jean-Luc Lauer.
Mam Krich an der Ukrain gi sech lo weider Familljen erwaart. Finanziell Hëllefe wieren dofir elo immens wichteg, well d’ASBL misst dringend expandéieren. “Mir sinn op der Sich no engem Depot. 50 bis 80 m2 fir en net all ze héije Präis, wou mir kënne Miwwel stockéieren, déi mir vun de Leit kréien. Ech muss den Ament leider dacks ofsoen, well mir se net kënne stockéieren an awer och net direkt verschafft kréien.”
Bei den Dikrecher Stroossen Englen ass weiderhin all Hëllef Wëllkomm. D’ASBL hätt eng breet Palette u Leit aus verschiddene Beräicher. Et géif och fir jiddweree genuch ze dinn. Méi Informatiounen zu hirer Aarbecht a méiglechen Hëllefe fënnt een hei.