Trotz villen HürdenDëst Joer gi 7 nei Wandmillen zu Lëtzebuerg gebaut

Christophe Hochard
Wandmille produzéiere grénge Stroum. Virun allem am Éislek, wéi zum Beispill zu Wëntger. Dëst Joer gi siwen neier gebaut. Zu Buerschent an zu Tandel.
Siwen nei Wandmillen zu Lëtzebuerg
Wandmille produzéiere grénge Stroum. Dëst Joer gi siwen Neier gebaut, zu Buerschent an zu Tandel. 2023 kommen nach 10 Wandmillen dobäi.

2023 kommen nach 10 Wandmillen dobäi. Ënner anerem zu Duelem an an der Iernzdallgemeng.
Trotzdeem ginn et dacks Hürden, fir e Wandpark ze bauen, virun allem wéinst Bierger, déi sech dogéint wieren. An den Déiereschutz spillt eng Roll: Thema Roude Milan.

Vu fossillen op erneierbar Energien ëmklammen, dat ass den aktuellen Trend. Nom Coronavirus mécht déi aktuell Kris an der Ukrain de Wandpark-Bedreiwer Suergen. Bei Diesel, Bensinn, Mazout a Gas si mir zu 100 Prozent ofhängeg vun anere Länner. Beim Stroum ass et aneschters. Hei gi ronn 20 Prozent zu Lëtzebuerg produzéiert.

Wëll ee méi grénge Stroum produzéiert, brauch et méi Wandmillen. Déi administrativ Hürde stinn awer dacks am Wee.

Photovoltaik-Anlagen hëllefen och erneierbare Stroum hierzestellen. Dës Solaranlage kennen ablécklech och grousse Succès. Eng aner Pist ass de Waasserstoff. Fligeren a Schëffer, zum Deel och d’Camione kënnen heivunner profitéieren.

Grénge Stroum, egal ob en elo iwwer de Wand oder d’Sonn gewonne gëtt, ass wichteg fir d’Zukunft vun eisem Planéit.

Back to Top
CIM LOGO