Entwarnung vum CGDISD'Feier bei der Goodyear zu Colmer-Bierg ass geläscht
Entwarnung no engem gréissere Feier zu Colmer-Bierg bei der Firma Goodyear. Déi zwee Bränn sinn antëscht geläscht.
Dat huet de Christian Schmitz Commandant des opérations de secours beim CGDIS confirméiert. Déi eege Pompjeeën vun der Goodyear hätten eng gutt Viraarbecht geleescht. Eng 110 bis 120 Pompjeeën wären am Asaz gewiescht.
De Christian Schmitz vum CGDIS gëtt Explikatiounen zum Feier bei der Goodyear.
De Christian Schmitz vum CGDIS gëtt Explikatiounen zum Feier bei der Goodyear.
23 Persounen wären effektiv liicht blesséiert ginn. Eng 12 koume fir Ënnersichungen an d’Spidol. Dowéinst waren 5 Ambulanzen a zwee Samuen am Asaz.
Eis Reporterin op der Plaz hat uganks vun enger zolitter Dampentwécklung geschwat an och de Gestank wär net agreabel gewiescht. Am fréien Nomëtteg haten d’Gemengeresponsabel d’Populatioun aus der Gemeng opgeruff, d’Fënsteren zouzemaachen.
Feier um Site vun der Goodyear zu Colmer-Bierg
Feier um Site vun der Goodyear zu Colmer-Bierg
D'Stater Pompjeeën ënnerwee bei d'Feier un Site vun der Goodyear
D’Stater Pompjeeën ënnerwee bei d’Feier un Site vun der Goodyear
D’Buergermeeschtesch vu Colmer-Bierg huet méi spéit gesot fir d’Biergerinnen a Bierger géif keng Gefor bestoen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Weider Informatioune fannt Dir am Schreiwes vum CGDIS.