Just eng Persoun ass zu Randschelt ugemellt, ma e Samschdeg war déi kleng Uertschaft awer den Zentrum vun der Gemeng Groussbus-Wal. Hei gouf nämlech d’Fusioun vun de Gemenge Groussbus a Wal, déi den 1. September 2023 offiziell a Kraaft getrueden ass, gefeiert.
An engem Referendum hate sech d’Bierger vun deenen zwou Gemengen de 27. Juni 2021 majoritär fir een Zesummeschloss ausgeschwat. Dobäi war d’Zoustëmmung zu Groussbus mat 70,42 Prozent e bëssi méi grouss wéi zu Wal mat 62,25 Prozent.
Bei de Gemengewalen d’lescht Joer gouf an zwou Sektiounen ofgestëmmt. Mam Paul Engel krut de Buergermeeschter vu Groussbus déi meeschte Stëmmen, op déi zweete Plaz koum d’Gemengemamm vu Wal, Christiane Thommes. Als Buergermeeschter an 1. Schäffin vun der Fusiounsgemeng Groussbus-Wal si si Deel vun engem Schäfferot, deen aus véier Persoune besteet, zwee Vertrieder aus der fréierer Gemeng Groussbus an zwee Vertrieder aus der fréierer Gemeng Wal.
De Gemengerot besteet aus 12 Conseilleren, jee sechs pro fréierer Gemeng. Bei deenen nächste Gemengewalen am Joer 2029 gëtt dann an enger Sektioun ofgestëmmt, de Gemengerot schrumpft viraussiichtlech op néng, an de Schäfferot op dräi Memberen. Ma dorunner dierften d’Leit um Fusiounsfest net geduecht hunn.