Belsch Nuklear-Dechargen"Diplomateschen Incident" elo geléist

Annick Goerens
Den diplomateschen Incident mat Lëtzebuerg - wéi déi belsch Energie- an Ëmweltministesch et genannt huet - wär elo geléist.
© SIP

Hannergrond ass jo de Stockage vun nuklearem Offall an der Belsch-Lëtzebuerger Grenzregioun. D'Marie-Christine Marghem gëtt am RTL-Interview zou, dass si richteg rose war iwwert d'Aussoen en Dënschdeg op enger Pressekonferenz vun hirer Homologin Carole Dieschbourg.

Rekatioun vum Marie-Christine Marghem / Rep. Annick Goerens

Virop wollt déi belsch Energie- an Ëmweltministesch awer kloer stellen, dass déi ëffentlech Consultatioun, déi den Ament vun der ONDRAF, der belscher Autoritéit fir d'Gestioun vun nuklearem Dreck gemaach gëtt, just eng alleréischt Etapp ass.

„A savoir ce que la Belgique compte faire de ces déchets, donc le principe est pour la Belgique de les enfouir, mais il n'y a pas encore de plan concret, quant aux lieux, quant aux moment et quant à la manière dont cela doit intervenir. Donc la carte géographique des lieux potentiels n'est en rien un résultat de processus de choix de sites de stockage qui n'est absolument à l'ordre du jour."

D'Carole Dieschbourg hat ënner anerem vun Intransparenz an irresponsabelem Virgoe vun der belscher Säit geschwat. Et kéinten natierlech verschidde Meenunge ginn, fënnt hir Homologin Marie-Christine Marghem, mä an deem Fall géing een ënner Confrèren, déi sech en plus zanter Jore kennen, matenee schwätzen, amplaz direkt mat uergen Aussoe virun d'Press ze goen.

„Et c'est ce que je lui ai dit, écoute Carole on finit par créer, par des déclarations comme celles que tu as faites, une crainte irrationnelle et exagérée dans le chef du public. Donc j'ai dit écoute franchement, je ne comprends pas ton attitude, alors qu'en plus le Luxembourg ne traitera pas lui même, sur son propre sol, les déchets radioactifs qu'il produit. Donc vous comprenez, à un moment il faut rester dans une ambiance je dirai, confraternelle qui va dans le même sens, qui est constructive."

Effektiv huet de Grand-Duché de 4. Juli 2016 ee bilateralen Accord mat der Belsch ënnerschriwwe. Vun do un hunn d'Belsch eise radioaktiven Offall - deen hei am Land gréisstendeels aus de Spideeler kënnt - entsuergt.

Wéi soll et dann an elo an Zukunft virugoe mat der Sich no Stockage-Plaze fir den nuklearen Offall?

„Il y a minimum 5 à 6 étapes successives qui vont se dérouler dans le temps sur plusieurs années et même 5 à 10 ans et peut-être plus, parce que chaque étape et dans l'intervalle de chaque étape des études sont réalisées qui sont des études techniques extrêmement compliquées, extrêmement détaillées pour avoir toutes les assurances."

No all Etapp géing och all Kéier d'Ëffentlechkeet mat agebonne ginn, sou nach déi belsch Energie- an Ëmweltministesch Marie-Christine Marghem.

RTL-Artikel: Dossier Belsch Nuklear-Dechargen. E Manktem u Kommunikatioun.
RTL-Artikel: Reaktioun vu Bréissel op Lëtzebuerger Kritik fält nawell hefteg aus
RTL-Artikel: Eventuell belsch Nuklear-Dechargen op Lëtzebuerger Grenz

Back to Top
CIM LOGO