Top SecretD'Kasematte vum Helleggeescht-Plateau, 20 Meter ënnert der Cité Judiciaire

RTL Lëtzebuerg
No de Spuenier an de Fransousen hunn och d'Éisträicher en Deel vun der Fortifikatioun vu Lëtzebuerg ugeluecht.
Top Secret: D'Kasematte vum Helleggeescht-Plateau
Tëscht 1725 a 1741 goufen dës Gäng, do wou haut den Helleggeescht-Plateau an d’Cité Judiciaire stinn, an de Fiels gepickt a gesprengt.

Dorënner déi Kasematten, déi mer am Top Secret ze gesi kréien, an déi net ëffentlech zougänglech sinn.

Tëscht 1725 a 1741 goufen dës Gäng, wou haut den Helleggeescht-Plateau an d’Cité Judiciaire stinn, an de Fiels gepickt a gesprengt, fir d’Festung Lëtzebuerg nach besser ze schützen. Si si just en Deel vum impressionante Tunnelsystem ënnert der Stad.

Vun de ronn 30 Kilometer, déi et emol waren, sinn der haut nach eng Dosen iwwereg. Am 18. Joerhonnert hu se d’Festung geschützt an am 2. Weltkrich hu se Schutz virun de Fligerbomme gebueden. Bis haut gi se genotzt a kruten am Laf vun hirer Geschicht ëmmer nees nei Aufgaben.

D’Violetta Caldarelli hëlt eis am Top Secret mat op eng kleng Zäit-Rees a mir gi gewuer, wisou dës Gäng 20 Meter déif ënnert dem Buedem gebraucht goufen a firwat et se nach ëmmer ginn.

Back to Top
CIM LOGO