Cycle 4.2 mécht Fréijoersbotz"D'Leit sinn ze liddereg, fir opzestoen an eng Poubelle ze fannen"

RTL Lëtzebuerg
Offall an der Natur ass e Probleem, dee wäit bekannt ass. Bei der Fréijoersbotz soll grad dëse Probleem thematiséiert ginn.
Cycle 4.2 mécht Fréijoersbotz
Offall an der Natur ass e Probleem, dee wäit bekannt ass. Bei der Fréijoersbotz soll grad dëse Probleem thematiséiert ginn.

Zu Dikrech si Schoulklassen an de Bësch gaangen, fir do Knascht anzesammelen. Et ass strofbar, Dreck einfach op de Buedem ze geheien, dëst kann zu Geldstrofen tëscht 145 an 1.000 Euro féieren. An awer gëtt ëmmer nach Knascht an d’Natur gehait, e Fait, deen d’Kanner vum Cycle 4.2. schockéiert. Si hunn einfach Léisunge parat, fir keen Dreck an der Natur ze hunn, a verstinn, firwat et wichteg ass, Knascht an d’Poubelle ze geheien.

Fréijoersbotz zu Dikrech
Zu Dikrech si Schoulklassen an de Bësch gaangen, fir do Knascht anzesammelen.

D’Nohaltegkeetskommissioun vun Dikrech huet 10 Trëppelweeër organiséiert, op deenen d’Leit de Weekend opgedeelt ginn, fir Knascht opzerafen. Natierlech bleift de Bësch doduerch net automatesch propper. Ma d’Zil wier, d’Kanner iwwert d’Problematik z’informéieren.

“Si sinn elo déi Kanner, déi herno an de Lycée ginn. Grad fir déi Kanner ass et elo interessant, dass si hei elo geschockt sinn vun deene Saachen déi si hei fannen an erliewen, an dass si sensibiliséiert ginn, dass si dat vläicht an Zukunft net solle maachen. An och vläicht genuch Courage hunn, emol engem aneren ze soen: raf däin Dreck op, dat ass net gutt”, esou d’Enseignante Pady Junker.

Back to Top
CIM LOGO