StatecD’Lëtzebuerger Residenten hunn de leschte Summer nees vill Vakanz gemaach

RTL Lëtzebuerg
D’Summervakanz 2022 war souguer e Rekord, esou de Statec. De leschte Summer goufen 916.000 Sejoure verzeechent.
© Statec

Dat stellt 1,7 Vakanz pro Resident duer an eng Hausse vun 38 Prozent par Rapport zu 2019, d’Referenzjoer, well di zwee Joer drop den Tourismus wéinst der Pandemie extrem zeréckgaange war. Déi gréissten Hausse gouf et bei Reesen an d’Belsch, a Frankräich, an Däitschland, a Portugal, a Spuenien an Italien. Dobäi ass d’Zuel vun de Besich bei Frënn a Famill méi geklomme wéi d’Vakanzen. Méi wéi verduebelt hu sech d’Vakanzen zu Lëtzebuerg selwer. Si maachen 28 Prozent vun de Séjours de proximité aus, dat sinn Iwwernuechtungen, déi net méi wéi 300 Kilometer vun doheem ewech sinn.

Déi duerchschnëttlech Dauer vun de Vakanzen ass liicht an d’Luucht gaangen. 2022 si Lëtzebuerger Residenten am Schnëtt 9,3 Nuechten an d’Vakanz gaangen, respektiv hunn 10,4 Nuechte bei Famill oder Frënn am Ausland verbruecht.

Mam Fliger sinn 2022 314.000 Persounen an d’Vakanz geflunn, am Verglach mat 2019 ass dat ee Plus vu 17 Prozent. D’Zuele sinn d’Resultat aus enger Ëmfro ënnert 5.000 Residenten am Alter tëscht 15 a 85 Joer.

Statec-Rapport iwwert d'Vakanzen 2022

Back to Top
CIM LOGO