
Wat huet sech elo mat den Adaptatiounen um Pensiounssystem geännert? Wéi soll weider reforméiert ginn? Sidd Dir bereet, méi laang schaffen ze goen? Wéi bleiwen d’Pensioune fir déi Jonk sécher? Iwwer d’Pensioune kënnt Dir eis Är Meenung soen a Froe stellen un d’CSV-Ministesch Martine Deprez. Si ass live am Studio.
Rufft eis en Donneschdeg de Moien op den Telefon 1330 un oder schreift eis elo schonn iwwert de Formulaire ënnen. Dir kënnt eis och eng Sproochnoriicht maachen iwwer WhatsApp op de 621 666 555.
“Dir hutt d’Wuert” iwwer d’Pensioune mat der Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez ass en Donneschdeg de Moien direkt no den Neiegkeeten um 8 Auer.