"Das vergessene Fotoalbum der SS" am CNADocumentaire iwwer SS-Member Kurt Schreiber soll Schüler d'Shoah nobréngen

RTL Lëtzebuerg
Ëm déi 17 Joer haten d’Schüler, déi am CNA "Das vergessene Fotoalbum der SS" gekuckt hunn. En änlechen Alter, wéi d'SS-Memberen um Ufank vum Documentaire.
Documentaire iwwer SS-Member Kurt Schreiber soll Schüler d'Shoah nobréngen
Ëm déi 17 Joer haten d’Schüler, déi am CNA “Das vergessene Fotoalbum der SS” gekuckt hunn. En änlechen Alter, wéi d’SS-Memberen um Ufank vum Documentaire.

Et wier wichteg de Jonken esou een Thema méi no ze bréngen. Den Dokumentarfilm weist haaptsächlech d’Evolutioun vum Kurt Schreiber, engem SS-Member, dee wärend de Joren ëmmer méi héich geklommen ass. De Film ass entstanen, well ee Fotoalbum mat ronn 200 Opnamen, op deenen SS-Memberen ze gesinn sinn, erëmfonnt gouf. Den Ufank vum SS-System besser verstoen an och d’Persounen hannert de schrecklechen Dote gesinn: Den Documentaire huet d’Schüler zum Nodenke beweegt. Zum Schluss vum Documentaire kruten d’Schüler aus de véier Lycéeën nach verschidde weider Erklärunge vum Dr. Stefan Hördler, deem de Fotoalbum och gehéiert.

Back to Top
CIM LOGO